16 Lëtzebuerger Start-uppen beim CES 2019 zu Las Vegas

De gréisste Salon vun der Innovatioun op der Welt gëtt et zanter 1967 a suergt all Joers fir grouss Annoncen am Beräich vun der Elektronik.

Lëtzebuerg ass fir déi zweete Kéier mat dobäi a presentéiert dat Bescht, wat d'Land a punkto Hightech unzebidden huet. Vun 100 Kandidate goufe 16 Start-uppen selektionéiert, déi eist Land zu Las Vegas wäerte representéieren.

De Lëtzebuerger Stand um Consumer Electronics Show bitt de jonken Talenter 100 Meter Carré matzen am Eureka Park. E gouf vun Art-Design-Painting entworf an dréit d'Faarwe vum Nation Branding "Luxembourg, Let's Make It Happen".

Dëst Joer ware ronn 900 Start-uppen am Eureka Park, awer virun Allem och d'Medien aus der ganzer Welt, fir déi lescht Entdeckungen an Erfindungen ze dokumentéieren. Fir jonk Entrepreneuren ass et déi bescht Plaz, fir op sech opmierksam ze maachen…

- Bim-Y, erméiglecht Gebaier, déi et scho gëtt oder déi gebaut ginn, vun der BIM-Technologie ouni grouss Investissementer ze profitéieren. BIM sinn déi Donnéeën, déi zum Gebai gehéieren, vun der Konzeptioun bis zur Zerstéierung, fir genee ze wëssen, wie wou wat wéini ënnerholl huet.

Full article on RTL

Write by JP

Previous
Previous

The Luxembourg start-ups taking on Las Vegas

Next
Next

Les 16 start-ups qui représenteront le Luxembourg au CES